Green

Fir denge Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer, Tembo, Elteren, Comité,… bref einfach jiderengem ze weisen dass du dech an dengem Grupp fir d’Ëmwelt interesséiers an och dofir asetz huet d’FNEL dräi verschidde
Green-Labelen agefouert :

  1. de Green-Home-Label, fir ëmweltfrëndlech an nohalteg geréiert Scoutschaleten 
  2. de Green-Event-Label, fir all Dëppefest, Scoutskiermes etc wou an der Organisatioun an der Ëmsetzung Wäert op d’Nohaltegkeet geluecht gëtt 
  3. de Green-Gruppe-Label, fir Scoutsgruppen déi sech dat ganzt Joer mat Aktiounen oder Aktivitéit ronderëm d’Ëmwelt an de Schutz dovunner beschäftegen